Wat aner Mënschen soen…

Zitat vum Dr. Julia Strohmer:

Christian Berrend ist für mich ein sehr geschätzter Kollege und Freund. Seine Art Themen anzugehen und zu bedenken gefällt mir. Ich durfte auch schon ein paar Einheiten miterleben und fand die Übungen spannend und sehr aufschlussreich! Gerne empfehle ich dich und deine Arbeit weiter!

Zitat vum Diane Jaeger:
 
Kann entspaant.lu nëmmen vu ganzem Haerzen empfehlen. 
 

Zitat vun anonym:

Sech mamm Chrëscht op d’ Rees ze maan, ass op alle Fall eng Rees wäert!

Et ass eng Rees déi ech selwer bestëmmen däerf, wou ech de Guide sen an de Chrëscht eng Begleedpersoun. Hee mecht kéng Virschrëften mee freet einfach: Wou ginn mer als nächstes hinn? Hee verurdeelt net mee mecht dech opmierksam. An mat der Zäit léiert een sech selwer besser kennen.

Ech hunn Neurodermitis an sen doweinst bei de Chrëscht komm. Seng Approche war di éischt di de Fokus net op meng Hautkrankheet geluecht huet mee ganz einfach just nemmen op MECH. Meng Krankheet ass wuel een Deel vun mier, awer et ginn nach seuvill aaner Eegenschaften un mier. Seu hunn ech geléiert mer d’ Froen ze stellen: Ween sinn ech? Ween wier ech gäer? Kann ech mech selwer iwwerhaapt akzeptéieren? Wei kann ech mech veränneren ouni mäin Ech ze veränneren?

Ech wees haut dass ech mech selwer guer net kannt hunn, an ech kenne mech nach net ganz. AWER ech hunn mech op d’ Rees gemaach an sen dobäi et Dag vir Dag erauszefannen.

Doduerch dat ech mech selwer besser kennen geléiert hunn, konnt ech och meng Krankheet besser verstoen an domat emgoen. Ech kann se haut als een Deel vun mier akzeptéieren, och si huet Bedürfnisser, ech respektéieren se.

Meng Rees ass nach net zu Enn, mee ech sinn well gespaant wei di nächst Etapp wäert ausgesinn. An ech sinn esou frou dat ech mech op de Wee opgemeet hunn! Dat hunn ech virun allem dem Chrëscht ze verdanken. Haut ass de Chrëscht nach emmer een Deel vun menger Rees, ech freen mech emmer vir him bescheed ze soen wou ech grad drun sinn.

MERCI vir Alles Chrëscht!!