Wee sinn ech… an firwat maachen ech dat hei iwwerhaapt?

Ech sinn de Christian Berrend, och nach “Baam” oder “Chrëscht” genannt.

1978 gebuer, Papp vun 3 Kanner, an ech hunn ënner anerem Diplomer als Educateur, Enstpanungspädagog an Narr.

Meng ganz eegen Rees wor an ass gekennzeechent duerch vill Selbsterfahrung an een onermiddlechen Interessi un der mënschlecher Natur. Am Ufank just als Hobby, sin ech frou, mëtllerweil menger Beruffung heimadder komplett no goen ze kënnen.

Ech gesinn et als Missioun vun Entspaant.lu, Mënschen mat den ënnerschiddlechsten Startviraussetzungen, zu méi Geloossenheet, Zefriddenheet an ënnerer Kraaft ze begleeden.

Ech wëll aktiv un der Visioun vun enger Welt matschaffen, an deer Jidereen méi positiv Ressourcen zur Verfügung huet.

Dofir ass et fir mech selbstverständlech, datt ech versichen, all Mënsch deen ech gesinn, mat der selwechter Form vun Oppenheet, Toleranz an Matgefill ze begéinen. Eegal wéi en ausgesäit, wou en hierkënnt, wat seng politesch an reliéis Usiichten sinn, wéi en sech selwer definéiert an zu wéi engen Mënschen e sëch higezunn spiert.

Sidd léif mat Iech.