Workshops, Formatiounen, Seminarer, Firmenberodung.

Och gréisser Mënschengruppen hun de Besoin sech gemeinsam weider ze entwéckelen. Ech bidden ënnerschiddlech zougeschnidden Packagen un, fir ären Veräin, är Schoul, Firma, Associatioun … op dësem Wee ze begleeden.

Dobäi kënenn d’Themen ganz villfälteg sinn: Stressmanagement an schwieregen Situatiounen, Kommunikatiounstraining, Ofleef optiméieren etc etc.

Och wann ech meng Methoden dem Grupp upassen, gëllen fir mech di selwecht Prinzipien wéi an der Eenzelaarbecht.

Well ech mech op den Hëllefssecteur spezialiséiert hunn, fannt dir hei ënnendrënner ee Flyer zu deem speziellen Thema. Awer och aner Institutiounen wéi z.Bsp. den Europäëschen Rechnungshaf hunn schonn op meng Servicer zréck gegraff.

Ob mir wuel zesummen gutt funken? Sou fannt der et raus!