Eenzegarteg

Wéi ech hei beschriwwen hunn, ass mir et wichteg, all Eenzelnen do ofzehuelen, wou en grad an sengem Liewen steet. Dofir treffen ech am Viraus keng Aussoen iwwert den Verlaf vun onser gemeinsamer Rees. Allerdings ginn et e puer Grondsätz déi bei mir ëmmer gëllen:

– De Client ass am Mëttelpunkt: wéi mir Sëtzungen konkret gestalten, decidéiert sech duerch en déiwen Austausch, deen Deel vum Prozess ass.

– D’Méiglechkeet aner Mënschen an eng Sitzung anzelueden ass ëmmer gin, natierlech virausgesat mir sinn all domat averstanen. Dat heescht, dir däerft och gären als Famill bei mech kommen.

– Fir effizient Resultater ze erreechen, kritt een mol gären Übungen, kleng Aufgaben an Uleeedungen fir den Alldag mat op de Wee.

– Jidereen huet d’Recht sech genee sou ze ginn, wéi en grad wierklech ass. Een vu mengen Kär-Messagen ass: “mir sinn OK, sou wéi mir sinn, a mir ginn eis Raum an Zäit ze wuessen”

Nach Froen? Ma dann däerft der gären Kontakt mat mir ophuelen.