Mat wéi engen Methoden schaffen mer?

„Lernen und Genießen sind das Geheimnis eines erfüllten Lebens. Lernen ohne Genießen verhärmt, Genießen ohne Lernen verblödet.“ Richard David Precht

Mir kucken zesummen, wou “den Hues am Peffer”läit an formuléieren en konkreten Opdrag.

An dann kënnen mer zesummen aus enger grousser Wallis gräifen, an der ënner anerem dran sinn:

Otem-an Kierperübungen
Mentaltechniken
Zougang zu senger fräier Natur entdecken
Kommunikatiounstraining
Undeeler vun sech an aneren erkennen
Alldags – Aarbechtsofleef optiméieren
Flow-Zoustänn erreechen
Kreesser zéien, Grenzen setzen
etc

Net all Mënsch kann eppes mat mir, an/oder dësen Techniken ufänken, respektiv den Problem mat deem en bei mech kënnt, kann méi déifgräifender Natur sinn. Coaching ass KENG Therapie an ersetzt och keng!!! Dofir schaffen ech enk zesummen mat aneren Beroder, Therapeuten, Dokteren etc. Heiansdo ass di gréissten Hëllef, erauszefannen, wou een besser opgehuewen ass.

D’Individualitéit an d’Eegeverantwortung vum Client spillen déi zentral Roll bei dësem Prozess, et gëtt net den “ee Wee” mee just eisen ganz eegenen. An deen zesummen ze goen, ass definitiv eng Aventure, op déi ech lo schonn gespaant sinn!