Startseite » Wéi geet dat? LU

Ech hunn Iech hei schonn kuerz beschriwwen, ëm wat et bei der Entspanungspädagogik geet.

Ganz konkret gesäit dat dann esou aus, dat dir mat mir Kontakt ophuelt. an mir zesummen kucken, fir een onverbindlecht éischt Gespréich ze féieren, fir eis kennen ze léieren an ze kucken, wou dat dir hin wëllt, op ärem Wee zu engem méi entspaanten Liewen. Zesummen maachen mir Ofmaachungen iwwert RDVen an wéi de Wee soll weider goen.

Mir treffen eis bei mir um wonnerschéinen Bio-Bauerenhaff Kass-Haff oder ech kommen bei Iech oder op är Aarbechtsplaz.

Mir hunn ënnerschiddlech Ofsproochen gemaacht, wat d’Dauer vun enger Sëtzung ugeet, meeschtens leien mer bei engem Eenzelen bei 1-2, bei Gruppen 3-4 Stonnen.

Mir treffen eis am Mehrzweckraum vum Kass-Haff oder bei Iech doheem.

Eng gëllen Reegel, déi fir all Mënsch zielt, dee bei mech kënnt: Wann dir kierperlech oder séilesch net an der Lag sidd, un engem Exercice deel ze huelen, da sot dat w.e.g. direkt. De Wee zur eegener Entspanung fiert doriwwer, gutt op sech op ze passen!

An dann hunn mer hoffentlech eng schéin Zäit zesummen!