Startseite » Iwwert mech LU

Salut

Ech sinn de Christian Berrend, mee di meescht Leit nennen mech einfach “de Chrëscht”.

Ech sinn Joergang 78, Papp vun 3 Kanner, sinn diploméierten Erzéier an ausgebildeten Entspanungspädagog.

A menger Fräizäit engagéieren ech mech an allerlee Veräiner oder genéissen Zäit eleng mat menger Famill a mat mir selwer.

A firwat an aller Welt sinn ech Entspanungspädagog ginn?

Ma als éischt mol fir mech selwer. Ech hunn gemierkt, dat ech net ëmmer sou entspaant sinn/war, wéi dat mer eigentlech gutt géing doen. Also hunn ech eppes drun geännert.

Mee iergendwéi kann ech ni den Mond halen, wann et em d’Thema Entspanung geet, iwwerall muss ech méi Pefferkär dozou bäidroen. Also muss et eraus, ënnert d’Leit. Ech sinn dovun iwwerzeegt, dat wann mer eng méi schéin, eng besser Welt wëllen, mer ëmmer bei eis fir d’éischt ufänken mussen. An ech hunn schnell gemierkt, dat ech nëmmen dann ganz zefridden sënn, wann ech mat aneren Mënschen zesummen, des Welt ee klengt Stéck méi schéin maachen. Am ganz klengen. Bei sech selwer…

Also hunn ech decidéiert, meng Leidenschaft zum Beruff ze maachen. Voilà!