Startseite » Ween mecht dat? LU

Een Entspanungspädagog, an deem Fall wier ech dat, an …

Dir. Dir kënnt eleng oder zu méi bei mech kommen.

Firwat dat der kommt, kann ganz ënnerschiddlecher Natur sinn:

— Iech räisst reegelméisseg d’Huttschnouer, an dir mierkt, dat et Iech an/oder den Mënschen ronderëm domadder net gutt geet.
— Dir fillt Iech vun ärem privatem oder berufflechem Ëmfeld sou staark ënner Drock gesat, dat der krank gitt.
— De Stress bestëmmt äert Liewen an dir kommt bal ni (oder just nach mat ongesonden Hëllefsmëttelen) dozou einfach mol komplett of ze schalten.
— Dir géift am léifsten d’Bengelen bei d’Tromm geheien an “dee ganzen Blödsinn” einfach net méi matmaachen.
— Dir wëllt Iech einfach als Mënsch weider entwéckelen…