Startseite » Waat as dat? LU

An der Entspanungspädagogik geet et net wéi bei villen aneren Methoden drëm, fir Iech, mengem Client, déi eng Method ze verkafen, mat der all Mënsch glécklech soll ginn. Am Contraire:

Wann dir bei mech kommt, dann kucken mir fir d’éischt an engem gemeinsamen Gespréich, wou de Schong dréckt an wou d’Rees soll higoen. All Mënsch ass op sengem ganz eegenen Wee, a sengem ganz eegenen Rhythmus. Dofir kann et sënn, dat ech mat deem engem méi Otem- a Kierperübungen maachen, mat deem aneren éischter Fantasiereesen, mat deem drëtten villäicht éischter laang driwwer poteren, wou den Stress eigentlech hierkënnt. Als EP sinn ech an enger hellewull Techniken ausgebild*, fir mat Iech ze fannen, wat bei Iech passt.

Am Idealfall kënnt Dier, wann Der um Enn vun eiser gemeinsamer Rees ukomm sinn, folgendes:

++ Ären Eegenen Stresslevel gudd aschätzen an adequat mat den erléierten Techniken reagéieren.
++ Stressursaachen an ärem privaten an berufflechem Ëmfeld besser geréieren.
++ Generell méi eng entspaant Approche zu ärem Liewen an der Welt fonnt hunn.
++ Am Alldag ëmmer eng klengen Trick op Lager hunn, mat deem der schnell “rofkommt”.

*ech behalen mer awer d’Recht fir, fir net onfeelbar ze sinn, oder alles mussen ze kënnen. Wann ech am Laf vun eiser gemeinsamer Rees der Meenung sinn, dir wiert bei engem Mediziner oder Therapeut besser opgehuewen, da soen ech Iech dat!.